Episodios

  • Iwwer Upcycling schwätzen (B1)
    May 22 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Upcycling

    A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?

    B: Genee! Dat war fir mäi Stage an der Spillschoul.

    A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn?

    B: Jo, natierlech! Eppes, wat séier geet, ass en Tic-tac-toe aus Fläschendeckelen. Du mools d’Spill op e Stéck Kartrong vun enger aler Këscht a si kënnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en Häerz oder eppes Aneres.

    A: A, dat ass flott! Da fänken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks Fläschen…

    B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng Blummendëppen aus alen Dousen ze bastelen. Déi hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’Béchsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all Béchs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer Lächer an de Buedem schloen an da kënnt der d’Béchs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen...

    A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefält mer immens gutt!

    B: Merci! Aus ale Këschten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng Etagère, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus Müsli- a Cornflakeskëschten. Kuck, d’Stad, déi d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wéi eise Klassesall.

    A: Mega! Do si jo och kleng Figuren!

    B: Genee, d’Persounen an d’Déiere sinn aus alen Toilettërulloen an och ganz einfach ze maachen.

    A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschäftegt a kënne kreativ sinn.

    B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufänken, Toilettërulloen ze sammelen.

    A: Haha! Allerdéngs!

    B: Wéi gefält der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt!

    A: Cool!

    B: Gesäis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn.

    A: O, ech fäerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du!

    Más Menos
    4 m
  • Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2)
    May 20 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Aktivitéite fir d’Kanner

    Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?

    Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?

    Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mäi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv!

    Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend.

    Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt.

    Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gëtt esou vill Spiller an Déieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’Déieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gär.

    Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?

    Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten.

    Samira: Wësst der wat och flott ass? De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin.

    Luc: Kann een do Päiperleke kucken?

    Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu Päiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen.

    Anna: Dat kléngt interessant! Do kënnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a léieren.

    Luc: A propos léieren – mir ware viru Kuerzem am Naturmusée an der Stad. Meng Duechter interesséiert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinéiert!

    Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner?

    Luc: Et hänkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill Primärschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv.

    Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege Magnéit gespillt. Et war wéi eng Spillplaz mat Wëssenschaft.

    Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass?

    Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der Wäert.

    Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen.

    Samira: Vläicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vläicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis.

    Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kënnen do ronderëm lafen, Déiere gesinn, fidderen an heemelen.

    Luc: Topp! Mir fält och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.

    Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mäi Bouf ass e grousse Fan vun Zich!

    Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent.

    Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.

    Más Menos
    4 m
  • Ukommen zu Lëtzebuerg: Administrativ Prozeduren (A2)
    May 15 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Zu Lëtzebuerg ukommen

    Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll.

    Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gären. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt?

    Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg?

    Stéphanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de résidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wéi zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen.

    Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess?

    Stéphanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de Santé (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mécht däi Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen.

    Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir?

    Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt.

    Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen?

    Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt.

    Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch?

    Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen.

    Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu?

    Stéphanie: Guichet.lu ass eng offiziell Regierungssäit, wou s de all administrativ Informatioune fënns, déi s de zu Lëtzebuerg brauchs. Et ass wéi e Guide fir d’Steieren, d’Sozialversécherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes méi.

    Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef!

    Stéphanie: ‘t ass gär geschitt.

    Más Menos
    3 m
  • Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)
    May 13 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Iwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1)

    B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit?

    M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit?

    B: Ech spille gär Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gär.

    M: Schued! An du, Liz, wat ass däin Hobby?

    L: Mäin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gär!

    M: Cool! Wat ass däi Liblingsbuch?

    L: Hmm… Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan.

    M: A, du lies gär Fantasy-Bicher !

    L: Jo, dat ass richteg.

    B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gär mat menger Frëndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie.

    L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball?

    B: Natierlech kucken ech och gär Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee.

    M: Hues du e Liblingsspiller?

    B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt.

    L: Cool!

    Moiesroutine (A2)

    T: Hallo Lea! Du bass awer erëm fréi um Büro.

    L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op.

    T: Seriö? Ech erwäche meeschtens eréischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol dräi Mol de Wecker aus…

    L: Haha, dat kennen ech nach vu fréier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwäche meng Kanner, doe se un – dat dauert ëmmer laang.

    T: O jo, dat kléngt stresseg.

    L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech séier, ech decken den Dësch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparéieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mäi Mann mat de Kanner op de Bus.

    T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bëssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wäsche mech a raséiere mech. Ech drénke bal ni Kaffi doheem.

    L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um Büro ze vill Schockela!

    T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim Bäcker.

    L: A wéi kënns du op de Büro?

    T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du?

    L: Ech fueren ëmmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill Verkéier op der Autobunn ass.

    T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fänkt gläich un!

    L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!

    Más Menos
    4 m
  • Interview mam Bruno de Pinho (B2)
    May 8 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwätzt mat eis iwwer säi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

    Más Menos
    19 m
  • E Life-Update a vun engem Auslandsemester erzielen (B1)
    May 6 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick).

    Más Menos
    6 m
  • Iwwer Recycling schwätzen (B1)
    May 1 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Recycling

    A: Wou leien déi giel Tuten?

    B: Wéi eng giel Tuten?

    A: Ma déi fir de Plastik!

    B: Du mengs déi blo Tuten!

    A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An Däitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht.
    Kanns du mer wannechgelift erklären, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert?

    B: Natierlech! Mir hu véier verschidden Dreckskëschten. An déi schwaarz Dreckskëscht kënnt den Offall, deen een net recycléiere kann, wéi z.B. Iessreschter, ofgelafe Liewensmëttelen, Schierbelen, den Dreck aus dem Staubsauger, asw. . An eiser Gemeng gëtt déi schwaarz Dreckskëscht ee Mol d’Woch eidel gemaach. Genee wéi déi gréng. Déi gëtt och all Woch eidel gemaach. An déi gréng Dreckskëscht kënnt den natierlechen Offall, dat heescht: Gras, Blieder, Onkraut (ouni Buedem) aus dem Gaart an den Offall vun Uebst a Geméis. Hues du en Hond?

    A: Jo! De Lucky!

    B: Majo, dengem Hond säin Hondsdreck kënnt och doran. Aus all deem Offall kann herno Biogas hiergestallt ginn. Dat nennt ee gréng, also erneierbar an nohalteg Energie, a wa mer déi benotze kënnen, brauche mer keng fossil Energie, wéi Pëtrol, Äerdgas a Kuel!

    A: ‘t ass wouer! Ech muss vill méi dorop oppassen! Ech hu kee Gaart, mee ech hunn awer all Dag Uebst- a Geméisoffall...

    B: Jo, ech och...
    Dann...an déi blo Dreckskëscht kommen de Pabeier an de Kartong. Dës Poubelle gëtt bei eis ee Mol all zwou Wochen eidel gemaach. Dat ass nach net laang esou. Fréier ass se just ee Mol de Mount eidel gemaach ginn, mee dat geet elo net méi duer, well mir elo esou vill Artikelen um Internet bestellen, déi a Kartrongskëschte geliwwert ginn.

    A: Genee.

    B: Opgepasst: bei Pizzakartrongen soll een déi Deeler, wou Fett oder Tomatenzooss drop ass, net an déi blo Dreckskëscht geheien, mee an déi schwaarz!

    A: Ok! Du hues gesot, datt Schierbelen an déi schwaarz Poubelle kommen. Firwat kommen déi net an de Glascontainer?

    B: Jo, net all Glas ass d’selwecht. An déi brong Dreckskëscht kënnt Glas, wéi z.B. Gedrénksfläschen, Glieser, wou Zooss, Geméis, Gebeess oder sou dra war, Flaconen fir Kosmetik, mee keng Glieser, aus deenen een drénkt. Déi Schierbele kommen an déi schwaarz Dreckskëscht. Keramik a parzeläins Schierbele kommen och dodran.

    A: Ok. A wéi oft ginn déi brong Dreckskëschten eidel gemaach?

    B: Bei eis ee Mol de Mount. Ech weess awer net, ob dat an all Gemeng esou ass.

    Sou! Zousätzlech zu de véier Dreckskëschte gëtt et dann och nach d’blo Tuten.

    A: Fir de Plastik.

    B: Jo, mee net nëmme fir de Plastik.

    A: Wéi ech d’lescht Woch heemgaange sinn, stoungen d’blo Tute virun den Haiser an dunn hunn ech eng Multiprise an enger bloer Tut gesinn! Dat ass inakzeptabel!

    B: Watgelift?!? Dat geet dach net!

    A: Ma jo!

    B: Komm, mir kucken nach eng Kéier, wat alles an d’blo Tut kënnt. Wéi ass de Site?

    A: www.valorlux.lu

    B: Also... Verpackungen aus Plastik, wéi Gedrénksfläschen, Duschgel, Shampoing, asw., Wäsch- a Botzmëttelen, Becheren, Jughurtsdëppercher asw., plastiks Blummendëppen, Barquetten, d’Emballagë vu Sixpacken an Tuten.

    A: Mee, opgepasst: kee schwaarze Plastik!

    B: A jo! An net just Plastik! Och Verpackungen aus Metall, Dousen, Deckelen aus Metall an-

    A: -Käerzen?!

    B: Nee, dee klenge Becher aus Metall vun den Téiliichten.

    A: A, ok!

    B: Zum Schluss dann nach Gedrénkskartrongen, wéi Mëllech, Ram oder Jus. O Nee, ech gesi grad: Styropor kënnt net an d’blo Tut! Wéi penibel! Ech hunn de Leit, déi do schaffen, onnëtz Aarbecht gemaach...

    A: Gutt ze wëssen!

    B: Wichteg ass och, datt een d’Verpackunge platt dréckt an ausser e puer Reschter solle se eidel sinn. Alles anescht gehéiert net an d’blo Tut. D'Valorlux-Tute ginn all zwou Wochen ofgeholl.

    A: Dat war vill Informatioun an et gëtt wierklech villes, wat ee recycele kann!

    B: Jo! Wann een net sou vill Plaz doheem huet, kann een dat alles natierlech och selwer an de Recyclingzenter féieren.

    Más Menos
    6 m
  • En Abonnement annuléieren (A2)
    Apr 29 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Abonnement annuléieren

    Automatesch Stëmm: Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat.

    Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen?

    Cliente: Moien, ech géif gär mäin Telefonsabonnement annuléieren.

    Mataarbechter O, ech verstinn. Kënnt Dir mir Ären Numm an Är Clientsnummer ginn, wgl?

    Cliente: Jo, mäin Numm ass Heidi Hansen an d’Clientsnummer ass 123456.

    Mataarbechter: Merci, Madamm Hansen. Kënnt Dir mir soen, firwat Dir Äert Abonnement annuléiere wëllt?

    Cliente: Ech hunn elo en neit Abonnement bei enger anerer Firma, déi méi bëlleg ass.

    Mataarbechter: Ech verstinn. Mee, wosst Dir, datt mir och speziell Offeren hunn? Wann Dir wëllt, kann ech Iech e méi bëllegen Tarif proposéieren.

    Cliente: Hmm… Wéi vill géif dat kaschten?

    Mataarbechter: Mir hunn eng speziell Remise fir eis Clienten. Dir kéint 5€ manner de Mount bezuelen an nach ëmmer onlimitéiert SMSe verschécken an den Internet benotzen.

    Cliente: Dat kléngt net schlecht, mee mäin neie Kontrakt ass scho gemaach.

    Mataarbechter: Ech verstinn, mee wann Dir wëllt, kënne mir Iech och extra Bonus-Minutten oder méi Datevolume ubidden. Da misst Dir net wiesselen.

    Cliente: Ech weess net…

    Mataarbechter: Ech wëll just, datt Dir déi bescht Offer kritt. Vläicht kéinte mir Iech e Mount gratis ubidden?

    Cliente: Hmm… Dat ass eng gutt Offer, mee ech muss mir dat nach eng Kéier iwwerleeën.

    Mataarbechter: Kee Problem! Ech kann Iech d’Offer per E-Mail schécken, an Dir kënnt Iech an deenen nächsten Deeg mach eng Kéier bei eis mellen.

    Cliente: Gutt, schéckt mir dat wgl. an ech kucke mir dat un.

    Mataarbechter: Perfekt, Madamm Hansen! Ech schécken Iech d’Detailer direkt.

    Cliente: An der Rei! Schéinen Dag nach!

    Mataarbechter: Iech och, Äddi!

    Más Menos
    3 m
adbl_web_global_use_to_activate_T1_webcro805_stickypopup