#2 Reprise vun alen Apparater Podcast Por  arte de portada

#2 Reprise vun alen Apparater

#2 Reprise vun alen Apparater

Escúchala gratis

Ver detalles del espectáculo

Acerca de esta escucha

An dësem Episod gi mer gewuer, wéi eis al Smartphones, Routeren a Fritzboxen hei zu Lëtzebuerg en zweet Liewe kënne kréien, a wéi doduerch op villen Niveauen eng Plus-Value fir d’Gesellschaft geschafe ka ginn. De Cliff Konsbruck, Direkter POST Telekom, gëtt en Abléck, wéi Ëmweltschutz a soziaalt Engagement zesummenhänken. Fir dat z'erreechen, schafft POST mat ënnerschiddleche Partner zesummen, a mir hunn eis dat an der Praxis ugekuckt. D’Ghislaine Duprey, Directrice adjointe vu Solina Aarbechtshëllef ASBL, erzielt, wéi si an hiren Atelieren den Tri maachen. Déi eng Smartphonë gi recycelt, déi aner gi vun Digital Inclusioun ASBL erëm opgeschafft an u Mënschen hei zu Lëtzebuerg verdeelt, wéi de Co-Founder Patrick de la Hamette erkläert. Al Antennen, Fritzboxen a Routere ginn direkt bei POST auserneegebaut a recycelt. Hëllef kréie si hei vun der Ligue HMC, der Associatioun fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung, esou d’Claudine Nosbusch, eng vun den zwee Directricë vun der Associatioun. Zum Schluss hëlt de Gil Dos Santos eis mat an den Inklusiounsatelier op der Cloche d'Or.
adbl_web_global_use_to_activate_T1_webcro805_stickypopup
Todavía no hay opiniones